Zéng Joer war d'Schmelz dout — haut brennt hei erëm Feier: Ferro Forum
Oeuvre Nationale
0:00 / 0:00
Zéng Joer war d'Schmelz dout — haut brennt hei erëm Feier: Ferro Forum
55 просмотров · 3 дня назад
Oeuvre Nationale
101 подписчик
55 просмотров · 3 дня назад
Zéng Joer laang war op der Metzeschmelz zu Esch näischt méi lass. Haut gëtt an der aler Hal vum Zentralatelier erëm Eise gegoss, geschmied a gefléckt — vun engem Veräin, deen de Site nei belieft.
Am Ferro Forum treffe sech Elektriker, fréier Schmelzaarbechter, Ingenieuren a Kënschtler. Mir hu mam Misch Feinen, Grënnungsmember a fréiere President, an dem Joe Simon, aktuelle President, geschwat: Wat ass eigentlech eng Schmelz? Wien huet sech hei viru 50 Joer d’Hänn dreckeg gemaach? Wéi vill vun der Geschicht vun de Schmelzen ass bis haut guer net opgeschriwwe ginn? A wat bleift vun dëser Plaz, wa ronderëm e ganz neie Quartier entsteet?
Eng Episod iwwer Eisen, Erënnerung an d'Loscht, mat den Hänn ze schaffen.
🔗 De Ferroforum besiche kommen: den 17. Oktober am Kader vun de Journées européennes du patrimoine. All Infoen op ferroforum.lu
🎙️ Hors d'Œuvre — all Mount Geschichten, Leit a Projeten, déi eppes zu Lëtzebuerg beweegen.Déi nächste Kéier: Luxembourg Tech School.
🎧 Och op Spotify an Apple Podcasts
00:00 Intro
00:40 1871, 2011, 2019 — dräi Datumer
02:44 Wéi et hei virun 50 Joer war
04:30 Wat ass eigentlech eng Schmelz?
05:37 Wien huet hei geschafft?
07:44 D'Geschicht, déi nach net geschriwwen ass
10:22 Dem Misch säi Wee: vum Grousspapp bis an d'Hal
13:47 Dem Jo seng éischt Visitt
16:05 Vum Benevole bis President
19:43 Wat dënschdes a samsdes hei geschitt
22:28 Firwat Handwierk haut nach zielt
37:37 Wat géif verluer goen?
43:14 Journées du patrimoine, 17. Oktober
44:12 Är Froen aus dem Glas
50:38 Fënnef kuerz Froen
54:56 Outro